Søren Nissen Fiert d'Cape epic

De Sören Nissen fiert dëst Joer d'Etappecourse Cape Epic. Dës Course gëtt dacks als "Tour de France" vum Mountainbike bezeechent. Säin Teampartner ass de fréiere belsche Champion Frans Claes. Sie fueren ënnert dem Numm Pro Devonbosch.

 

Nodeems si 2019 beim Swiss Epic eng Etapp zesumme gewonnen hunn, probéiere si dëst Joer a Südafrika e gutt Resultat am General ze realiséieren.

Dofir musse si am ganzen 8 Etappen a 647 Kilometer hannert sech bréngen.

 

D'Cape Epic gëtt vum 15. bis den 22. Mäerz gefuer.

Als Preparatioun op d'Cape Epic fueren déi zwee Marathon- Mountainbiker vum 6. bis den 9. Februar d'Etappecourse "Momentum Health Tankwa Trek, presented by Biogen". Dës Course besteet aus 4 Etappen a gëtt och a Südafrika gefuer.

Program vum Sören Nissen a vum Frans Claes:

  • Tankwa Trek: 06.02 - 09.02.2020
  • Cape Epic: 15.03 - 22.03.2020

Sören's new Stevens bike:



Fotoen: ©Claude Ruppert; ©Frans Claes & Soren Nissen

Contact :

Connect with us on social media: