On Sunday, January 11th 2026, Luxembourg's best cyclocross riders will compete against each other to see who will race in the rout-wäiss-blo'en jersey for a year in 2026. Who will be the successors of Loïc Bettendorff and Marie Schreiber? The organizers have designed a unique and demanding course for the most important race on the national calendar. A spectacular event is guaranteed, so we can confidently say: the 2026 Luxembourgish Championships will be an event not to be missed!

Download
Resultats Championnats nationaux Cyclocross 2026 Diekirch
Resultats Championnats nationaux Cyclocr
Adobe Acrobat Dokument 875.1 KB


75 Jar Velo Club Dikrich

Den 8. November 1950, war di ischt Comités-Sitzung vum Velo Club Dikrich am Cafe Martin Fischbach op der Dikricher Maartplaz. Fir dësen Anniversaire ze feieren, hat de VCD, 75 Jar duerno, op den Dag genee, eng ganz Rei (Ex-)Memberen, Frënn, Bénévoller a Perséinlichkeeten an d'Al Seeërei op Dikrich invitiërt, fir di 75 Jar Revue passiëren ze loossen a mi wi een hott rëm al Bekannter no laanger Zeit rëm gesin.

 

Zur Vergaangenheet gehiëren iwer 160 Organisatiounen, wi di 26 Soiréeën um Hometrainer, di fréier ganz beléift waren, 65 national, 16 international Stroossecourssen, 13 national Cyclocross a Mountainbike Courssen an och 35 Randonnéeë fir Cyclotouristen, dorënner di bekannt Randonnée Jempy Schmitz, di all Jar den 2. Sonndig am August ass.

Doneewent awer och di iwer 100 Départën an Arrivéeë vum Tour de Luxembourg.

 

Neierdings kommen och rëm Kanner-Mountainbike-Courssen (13.9.2026 an awer och ganz speziell d'Championnat am Cyclocross den 11.01.2026. D'Kiischt um Gebuertsdagskuch ass dann eng gruss Ausstellung am Dikricher Kulturhaus vum 9. bis den 31. Januar 2026.

 

Fotoën © Jeff Gloden


Table ronde am Kader vum 75. Anniversaire vum VCD

Am Kader vu sengem 75. Anniversaire huet de Veloclub Diekirch eng Table Ronde zum Thema "Velossport Made in Luxembourg" organiséiert. Den Tom Flammang huet mam Nathalie Lamborelle, Isa Reiffers, Søren Nissen a Pit Leyder ënner anerem iwwert d’Erausfuerderungen an der Nowuessaarbecht hei am Land geschwat. Nieft de grousse Verännerungen am Professionelle Vëlossport an deene leschte Jore gouf och iwwer d'Positioun vum Vëlo am Verglach mat anere Sportaarten hei am Land geschwat an doriwwer diskutéiert, wéi en dës Sportaart bei deene Jonke méi attraktiv ka gestalten.

 

Fotoën © Jeff Gloden


  • Weini? All Samsdes um 09:30 Auer
  • Wou? Diekirch, Nei Schwemm (Rue Merten)
  • Vitesse: +/- 23 / 25 km/h
  • Dauer: +/- 2h
  • Coursevelo (mir fueren op der Stroos)
  • Jiddereen ass Wëllkomm!
  • Weini? All Dënsdes um 15:00 Auer
  • Wou? Diekirch, hannert der Schwemm (Rue Merten)
  • Dauer: +/- 1h
  • Mountainbike
  • Méi Informatiounen & Umeldung: [email protected]


De 14.09.2025 huet de VCD de Youth Cup hannert der Schwämm zu Dikrich organiséiert.

© Jeff Gloden
© Jeff Gloden

Résultats:

Download
Résultats
VCD Results Youth Cup 2025.pdf
Adobe Acrobat Dokument 304.7 KB



FIR DE GUDDEN ZWECK

Weini? 09. 05. 2025

 

Wou? Centre polyvalent Consdorf

 

De 9. Mee 2025 fënnt zu Konsdrëf d'Randonnée d'échappée statt. Dës Randonnée as fir de gudden Zweck. Dëst Joer gëtt un d'North-South Cooperation gespend.

 

Et kann en tëschent 6 verschidden Tier wielen an et kann en entweder mam Stroossevelo oder mam Gravel fueren.

Download
Flyer Randonnée D'Echappée 2025-2.pdf
Adobe Acrobat Dokument 1.1 MB


Generalversammlung: De VC Dikrich am Zeeche vu senge 75 Jar

Am Jar 1950 gegrënnt, feiert de Velo Club Dikrich 2025 seng 75 Jar mat engem Ronn-Dësch Gespréich an der Aler Seeërei den 8. November, de Cyclocross-Meesterschaften den 11.1.26 hannert der Schwämm an enger Ausstellung am Kulturhaus vum 9-31.1.26. Derneewt bleiwen d'Randonnée d'Echappée den 9.5., d'Randonnée Jempy Schmitz den 10.8. an hir Kanner MTB Course de 14.9. hir gewinnte Manifestatiounen.

 

Mat 10 Kanner am Alter tëscht 4 an 10 Jar ass all Dënsdig Training zu Bettendrëf, hannert den Zengen. Umelle kann ee sich op [email protected]. Awer och um soziale Plang war de VCD aktiv: Virbereedung op d'Coupe scolaire zu Gilsdrëf an der Primärschull, Ennerstëtzung durch en Don am Kader vun der Randonnée Jempy Schmitz a bei Dikrich feiert den Esel.

 

De Comité bleift onverännert, awer et gi sich Suerge gemaach, wat den Training op der Strooss oder Courssen op der Strooss ugeet. De Bénévolat bleift d'Suergekand Nummer 1 vun alle Veräiner. 

De Keesserapport schléisst mat engem butzigen Defizit oof, daat, well Subsidë vu green events vum August a September 24 nach ëmmer net iwerwise gufen.

 

D'Memberszuele gi weider rop, Cotisatioune an Trikoë vu Kanner a Studenten iwerhëllt de Veräin integral. Et gin och just déi Suë verrechent, déi de veräin un d'FSCL muss bezuelen. Trainere schaffen am Bénévolat. Ronn 30 Coureurë, Loisir a Membres affiliés weisen den trikot vum VCD op de Lëtzebuerger Stroossen, awer och op MTB a Gravelcoursen am Ausland. Suguer am Amerika ass dee geelen Trikot ze gesin.

Eng Brochüre iwer d'Geschicht vum VCD an dem Velosport zu Dikrich am Allgemengen ass am Drock a gëtt bei de verschiddene Manifestatioune verdeelt.

De VCD kuckt mat vill Zouversiicht op di nächst 75 Jar.

Foto: Jeff Gloden


Epreuves jeunes & youth cup mtb 2024

De Velo Club Dikrich huet an Zesummenarbicht mat der FSCL an der Dikricher Gemeng de 15. September 2024 de Youth CUP MTB 2024 an Epreuves Jeunes fir Lizenséiert Minimes, Cadets, Débutants a Bambi 1,2,3 a Benjamin 1,2 hannert der Schwämm organiséiert.

 

 

Copyright: Jeff Gloden / sportfotos.lu

11. August 2024

Déi 30. Editioun vun der Randonnée Jempy Schmitz huet den 11. August 2024 wéi gewinnt zu Dikrech bei der Schwäm stattfonnt.

 

Nët manner wi 498 Cycliste si matgefuer an hun duerch hir Aschreiwung en Don fir Ile aux Clowns gemaach, e Veräin, dee krank Kanner am Spidol besicht an hinnen duerch hir Witzer a flott Kostümer d'Angscht virun der ongewinnter Emgéigend oder enger Operatioun hëllt.

 

De Jempy Schmitz war e lëtzbuerger Velosprofi: 2. am Tour duerch Eisträich 1953, 1. am Tour de Luxembourg 1954, 1958, 2. am Critérium du Dauphiné Libéré 1954, 2. op der WM 1955, Gewënner vun der Etap Pau-Luchon am Tour de France 1956, 3. am Critérium du Dauphiné Libéré 1957, 1958, Gewënner vum G.P du Midi Libre 1957 an zu gudder Letzt Champion vu Lëtzebuerg 1958.

 



13. august 2023

Den 13. August gouf déi 29. Editioun vun der Randonnée Jempy Schmitz vum Lions Club Eislek, dem VCD an den amis de Jempy Schmitz organiséiert. Méi wéi 400 Coureuren sin op dene 4 Circuiten matgefuer.



07.05.2023

  • Datum: 07/05/2023

D'Echappée ass eng Vëlos Randonnée am Mëllerdall, déi 2022 ënnert dem Numm "Passes for Africa" eng éischte Kéier statt fonnt huet.

 

De ganzen Erléis vun der Randonnée geet un t'ONG "Le Soleil dans la Main"



Chèque Iwwerreechung randonnée jempy schmitz 2023

Den 27. Abrëll gouf am Kontext vun der Randonnée Jempy Schmitz op der Gemeng zu Dikrich and der Präsens vum Buergermeeschter, dem Här Claude Thill, de Chèque vum VC Dikrich zesumme mam Lions Club Eislek an den Amis de Jampy Schmitz iwwerreecht. Mat dobäi war och d'Duechter vum Jempy Schmitz.

 

De VC Dikrich seet jidderengem Merci deen d'lescht Joer bei der Randonnée matgefuer ass a mir hoffen Iech a grousser Unzuel och dëst Joer, den 13. August 2023, erëmzegesinn.

 


Generalversammlung 2023

De Velo Club Dikrich hott sich op senger Generalversammlung den 23. März e neie Comité gin.

 

Neie President ass de Joel Kinn, dee säi Sekretärsposten un de Joé Leyder iwergëtt. D’Pierrette Ercolani bleift Responsabel fir d’Keess, déi trotz Pandemie a wéinst engem grousse Subside vun der Dikricher Gemeng mat engem Boni op den 31.12.2022 oofschléisst. Nei am Comité sin den Eric Besenius, Pascal Bormann, Ben Huberty, Jang Leyder a Misch Leyder.

 

An de Joren 2019-2022 hott de VCD mam Misch Leyder, Pit Leyder a Søren Nissen zwar 3 Coureurë verluer, ma si wäerten dem Club awer op eng aner Manéier erhale bleiwen.

 

Fir 2023 sti mat der Randonnée Échappée zu Konsdrëf de 7.5. an der Jempy Schmitz (13.8) zwee wichtig Evenementer um Programm, déi och nach engem gudden Zweck déngen.

Traurig stëmmt et de VCD, datt keng Kanner an de Veräin kommen. Course fuere steet nët un ischter Plaz, ma de Goût kënnt iergendwann vum selwen. Trainerë si prett, fir d´Kanner op engem ëmweltfrëndliche Verkéiersmëttel secher op de Stroosseverkéier virzebereeden.

Et gouf awer mat enger positiver Nott oofgeschloss: Eng mi enk Zesummenaarbicht mat der UCN Ettelbréck gëtt vu béide Säite net kategorisch ausgeschloss.

 


Drei-Ländermeisterschaft U23 + Jugendrennen

Am 3. Juli 2022 fanden in Diekirch gleich drei Rennen statt. Neben dem Critérium des Jeunes und dem GP de Luxembourg fand am Mittag die Drei-Ländermeisterschaft statt. Bei diesem Rennen wurden die nationalen Meister der U23 aus der Schweiz, Deutschland und Luxemburg gekürt.

 

Als erster über die Ziellinie gefahren ist der deutsche Jannis Peter. Damit wurde er auch neuer deutscher U23- Meister vor Hannes Wilsch vom Team DSM Development. Erster Schweizer wurde Nils Brun vom Team Tudor Pro Cycling.

 

Im Rennen der luxemburgischen Radfahrer blieb es bis zum Schluss spannend. Nachdem Loïc Bettendorff nach einem Sturz wieder in die erste grosse Gruppe zurückkehrte, fiel die Entscheidung zwischen dem Fahrer vom Team Riwal Cycling und den beiden Leopard Fahrern Arthur Kluckers und Mats Wenzel. Am Ende setzte sich Loïc Bettendorf im Sprint knapp vor Arthur Kluckers durch und kürte sich somit zum luxemburgischen Meister der Kategorie U23.



randonnée jempy schmitz 2019

 

De VC Diekirch huet den 11. August 2019 zesumme mam Lions Club Éislek a Les Amis de Jempy Schmitz déi 27. Editioun vun der Randonnée Jempy Schmitz zu Dikkrich bei der Schwemm organiséiert.


Pit leyder beendet radsport-karriere

Pit Leyder zieht mit sofortiger Wirkung einen Schlussstrich unter seine noch junge Radsport-Karriere. Dies gab sein Team Leopard Pro Cycling bekannt.

 

Link: Pit Leyder beendet Radsportkarriere


sören nissen champion xco mtb 2019

De Sören Nissen huet zu Dikkrich sai Lëtzebuerger Championstitel am XCO Mountainbike verdeedegt.


randonnée jempy schmitz 2018

D'Organisateuren vun der Randonnée Jempy Schmitz konnten der ALAN e Scheck an Héicht vun 10.000 Euro iwwerreechen. [weider liesen...]



excellent performance vum pit leyder beim skoda tour de luxembourg 2018

De Pit Leyder huet beim Skoda Tour de Luxembourg 2018 mat ganz gudde Resultater op sech opmierksam gemach.

 

Am General gouf hien um Enn den drëtten an hie konnt sech donieft och iwwert de waisse Maillot vum beschte Nowuessfuerer freën.  (hei weider liesen...)

 

Foto: Serge Waldbillig