MyWort.lu: 75 Jar Velo Club Dikrich

05. 12. 2025

 

Den 8. November 1950, war di ischt Comités-Sitzung vum Velo Club Dikrich am Cafe Martin Fischbach op der Dikricher Maartplaz. Fir dësen Anniversaire ze feieren, hat de VCD, 75 Jar duerno, op den Dag genee, eng ganz Rei (Ex-)Memberen, Frënn, Bénévoller a Perséinlichkeeten an d'Al Seeërei op Dikrich invitiërt, fir di 75 Jar Revue passiëren ze loossen a mi wi een hott rëm al Bekannter no laanger Zeit rëm gesin.

 

Zur Vergaangenheet gehiëren iwer 160 Organisatiounen, wi di 26 Soiréeën um Hometrainer, di fréier ganz beléift waren, 65 national, 16 international Stroossecourssen, 13 national Cyclocross a Mountainbike Courssen an och 35 Randonnéeë fir Cyclotouristen, dorënner di bekannt Randonnée Jempy Schmitz, di all Jar den 2. Sonndig am August ass.

Doneewent awer och di iwer 100 Départën an Arrivéeë vum Tour de Luxembourg.

 

Neierdings kommen och rëm Kanner-Mountainbike-Courssen (13.9.2026 an awer och ganz speziell d'Championnat am Cyclocross den 11.01.2026. D'Kiischt um Gebuertsdagskuch ass dann eng gruss Ausstellung am Dikricher Kulturhaus vum 9. bis den 31. Januar 2026.

 


Zu Gilsdrëf haten d'Kanner aus dem 5. a 6. Schulljar d'Geleeënheet, hir Technik am Mountainbike fir d'Coupe scolaire ze verbesseren. De Velo Club Dikrich hat dem Léierpersonal virgeschlo, e ganze Nomëttig vum Jempy Drucker, Mika Fonck, Brian Nugent a Frank Schleck vun der Velosfederatioun FSCL gewisen ze kreien, wéi ee bremst oder d'Iwersetzunge gebraucht fir gutt op d'Coupe scolaire virbereed ze sin. Ronn 60 Kanner kruten als Souvenir e Bidon vun der Regional Ekipp an hu bei bloëm Himmel am Schullhaff zu Gilsdrëf zwu léierräich Stonne verbruecht.

 

Et soll dëst awer nët di eenzig su Aktivitéit sin, aner Primärschulle kënne sich gär bei [email protected] melle, fir och hir Kanner op de Stroosseverkéier virzebereeden. Training ass fir kanner vu 7-12 Jar all Dënsdig vu 15h15 bis 16h15 an der Cité Hannert den Zengen zu Bettendrëf wann d’Weder et erlaabt. Info op der Emaiadress vum VCD oder op den soziale Medien @VCDiekirch.

 


Revue de presse

Sören Nissen: "Ich bin noch da"

01. 07. 2021

  • Luxemburger Wort


Sören Nissen: "Nichts kommt von alleine"

11. 12. 2020

  • Luxemburger Wort


Randonnée Jempy Schmitz 2019

28. 08. 2019

  • Luxemburger Wort

Pit Leyder : <<C'est le bon moment pour moi>>

06. 08. 2019

 

  • Le Quotidien

Championnats nationaux MTB XCO 2019

22. 07. 2019

 

  • Luxemburger Wort
  • Le Quotidien


Grand Prix majerus-geimer 2019

13. 05. 2019

  • Tageblatt
  • Le Quotidien


Assemblée Générale

13 avril 2018

  • Luxemburger Wort

Unterwegs mit Jempy Schmitz

 

8 août 2017

  • Luxemburger Wort

Grand Prix "majerus parmentier"

 

14 mai 2017

  • Le Quotidien

Tour de la Basse Meuse 2017

02 mai 2017

  • Avenir Verviers
Download
avenir verviers 2_5_2017.pdf
Adobe Acrobat Dokument 373.5 KB


Assemblée Générale

27 avril 2017

Tageblatt

Assemblée Générale VC Diekirch