28. 06. 2018
Beim Championnat am Contre-la-montre sin zwee Coureuren vum VC Diekirch op de Podium gefuer.
Bei de Masters koum de Pascal Ley op déi excellent zweete Platz. Hien hat just e Retard vu 14 Sekonnen op de Steve Moog. De Roby Rippinger gouf no 11,7 Kilometer de 6. a war domat 44 Sekonne méi lues wei de Vainqueur.
De Pit Leyder konnt bei den Espoirs seng gutt Form op en neits ënner Beweis stellen a séchert sech mat engem Retard vu just 7 Sekonnen op den Tom Wirtgen d'Sëlwermedail. De Misch Leyder kënnt an der selwechter Kategorie no 23,4 Kilometer op déi 7. Platz mat engem Retard vun 2 Minutten an 8 Sekonnen.
An der Course vun de Junioren konnt den Arthur Kluckers vum VC Schengen säin Titel erfollegräich verdeedegen. De Michel Thillen kënnt bei sengem éischte Championnat op déi gutt 12. Platz.
Fotoen: Cyclingpix by Serge
Waldbillig; Maya Straus