De Sören Nissen, ass fir d'Wiel vum Sportler vum Joer 2018 nominéiert.
De 6. Dezember 2018 gëtt am Casino 2000 zu Munneref ë.a. de Sportler vum Joer vun de Memberen vu sportpress.lu gewielt.
De Sören Nissen ass fir déi éischte Kéier fir dëse Präis nominéiert, dat nodeems hien 2018 am Cyclocross, am Mountainbike an am Marathon-Mountainbike Lëtzebuerger Champion gouf. Nieft dem Coureur
vum Racing Team Stevens-LAUF si 16 weider Sportler selektionéiert.
Foto: ©Igor Schifris