Beim regionale Cyclocross zu Warken ass de Sören Nissen ob déi 5, Plaz gefuer.
Fotoen: ©sportfotos.lu
27. 08. 2019 - 30. 08. 2019
De Pit Leyder war bei der Etappecourse "Tour Poitou- Charentes" mat der Ekipp Cofidis um Départ. Säin Teamkolleg Christophe Laporte konnt dës Course gewannen.
Link: Leyder feiert mit dem Gesamtsieger
Foto: ©Julie Desanlis
15. 08. 2019 - 18. 08. 2019
De Pit Leyder ass bei der "Arctic Race of Norway" seng éischt Course als Stagiaire bei der Ekipp Cofidis gefuer. D'Course gouf vum Alexey Lutsenko gewonn an de Pit klasséiert sech am Generalklassement als 44.
Foto: ©Pauline Ballet
30. 06. 2019
Elites:
Juniors:
Masters:
28. 06. 2019
Espoirs:
Juniors:
Masters:
05. 06. 2019 - 09. 06. 2019
Bei der 79. Editioun vum Skoda Tour de Luxembourg konnt de Pit Leyder genau wei d'lescht Joer iwwerzeegen.
Op der 4. Etapp vu Miersch an d'Stad gëtt de Leopard Pro Cycling Coureur den Drëtten a klasséiert sech am Generalklassement als 12. mat engem Retard vun 1:20 Minutten op de Gewënner Jesus Herrada.
Méi Informatiounen op leopardracing.com
Foto: ©Serge Waldbillig (cyclingpix by serge waldbillig)
27. 04. 2019
Beim "SKS Bike-Marathon" konnt sech de Sören Nissen no 100km an 2400hm virum Peter Hermann duerchsetzen.
Foto: ©Mega-Sports
22. 04. 2019
Bei der belscher Mountainbike Course "La Hallonienne", déi zu der "Belgian Ardennes Marathon Series" gehéiert, konnt sech de Lëtzebuerger Champion Sören Nissen no 75 Kilometer a méi wéi 1900 Héichtemeter duerchsetzen.
De Sören hat op der Arrivée eng Avance vun 3 Minutten an 22 Sekonnen op de Belsch Sébastien Carabin.
Foto: © Christophe Bortels
13. 04. 2019 - 14. 04. 2019
Den zweete Weekend vum Abrëll huet de VC Schengen zesumme mam RSC Überherrn d'Saar Lux Challenge organiséiert. Dobäi gouf um Samschden een Zäitfueren an eng Stroossecourse zu Schengen gefuer a Sonndes gouf zu Überherrn eng weider Stroossecourse ausgedroen.
Fir de VC Diekirch war de Michel Thillen bei de Junioren um Départ.
Fotoen: ©Albert Krier
14. 04. 2019
Beim Kellerwald- Bikemarathon konnt sech de Sören Nissen mat enger Avance vu knapp 4 Minutte virum Joris Massaer duerchsetzen. De Lëtzebuerger Champion huet vir déi 127 Kilometer mat 2827 Héichtemeter 5 Stonnen a 4 Minutte gebraucht.
13. 04. 2019
Bei der Espoirs- Editioun vun der Flandernrundfahrt ass de Pit Leyder no 167 Kilometer am Sprint op déi 4. Platz gefuer. Domat konnt de Pit seng 9. Platz aus dem Joer 2017 nach eng Kéier verbesseren.
24. 03. 2019
Beim Grand Prix Ost Manufaktur zu Bech gëtt de Pit Leyder den drëtten mat engem Retard vu 7 Sekonnen op de Gewënner Thomas Deruette. Hien ass domat och beschten Espoirs. De Misch Leyder fiert als 17. iwwert d'Arrivée.
Bei de Junioren klasséiert sech de Michel Thillen als 21.
Fotoen: ©rtl.lu
26. 01. 2019 - 29. 01. 2019
De Sören Nissen fiert bei senger éischter Marathon- Mountainbike Course vun der Saison op déi 7. Platz am Generalklassement. Hien hat no véier Etappen e Retard vun 4 Minutten a 26 Sekonnen op de Vainqueur Bartlomiej Wawak aus Polen.
13. 01. 2019
Beim Cyclocross Championnat zu Brouch waren de Sören Nissen an de Misch Leyder um Depart. Bei der Elite kënnt de Sören op déi 7. Platz a bei den Espoirs konnt de Misch als drëtten mat op de Podium klammen.
Fotoen: ©Vincent Lescaut Photographie
06. 01. 2019
Beim regionale Cyclocross zu Hesper gëtt de Misch Leyder de 6. mat engem Retard vun 31 Sekonnen op de Gewënner Vincent Dias Dos Santos.
De Sören Nissen haat e Retard vu knapp zwou Minutten a gëtt um Enn den 12..
Fotoen: © Serge Waldbillig; rtl.lu
01. 01. 2019
Beim internationale Cyclocross zu Péiteng fiert de Sören Nissen als 7. iwwert d'Arrivée. Hien hat e Retard vun 3:51 Minutten op de Vainqueur Marcel Meisen a war domat beschte Lëtzebuerger.
Foto: ©Serge Waldbillig